Mittwoch, 17. Oktober 2012

Rallye Letzebuerg 2012

Den Rallye Letzebuerg am Preizerdall kënnt an daat 
schwaarzt Buch vun AJ-R Motorsport.


Nodeems mer Donneschtes Noomettes an Freides Moies gemütlech mat engem BMW X3 eis Noten maachen waren, an souguer mat deem plaatzeweis Krempes haaten fier duerchzekommen, 
ass et dunn Freides Mettes geint 15:30 a Richtung Startpark-Knuedler an der Staadt gaang...


Ganz Equipe vun AJ-R war Gudder Deng an mir hun eis op eisen 
EISCHTEN GROUSSEN RALLYE gefreet wei dei kleng Kanner op den Kleesschen.
Bessen Bammel vierun den Nuets-Specialen haaten mer wuel schon, awer am Prinzip waren mer relax an zimmlech stressfrai...

Ennerwee zereck aus der Staadt an den Dall, waren emmer manner Wolleken um Himmel, also wann Reen geif kommen, dann reischt mei speid, oder net sou vill...


Dofier hun ech dunn mol nach decideiert aaner Pneuen opleen ze loossen...
D'Jongen am Service hun eis iwwer Telefon konfirmeiert, dass si daat an deenen 10min Service locker geiffen packen... 
Also en GO fier Fedima Intermediates amplaaz d'Toyo R1R...
Ech haat dem Marc Ernster (gdmh) seng Wierder am Hannerkapp 
"E Renn-Pneu ass emmer besser wei ee Stroossepneu", hie sollt Recht behaalen !!!

Am Service dunn eng kleng Iwwerraschung fier mech an d'Nici...
Mir haaten ons erwaart, dass den Boy an den Jerome eleng do wieren, mais nee...
Den David W. an den Pascal J. vun smt-racing sinn mat ronderem d'Lara gesprong, an hun matgehollef, wei wann daat daat normalst vun der Welt wier...
(merci nachmool dofier !!! Sou Saachen din gudd !!!)

Op der eischter Speciale hun mer dann mol mat der ongewinnter Daischtert an mat enger net ganz perfekter Astellung vun der Luuchteramp ze dinn gehaat...
Et goung awer...
Op der zweeter Speciale, nodeems ech d'Luuchten bessen besser agestallt haat, war op mannst mol deen Problem fort, daischter wor et awer emmer nach ;-)

Zereck an den Service, alles gecheckt, alles ok... rem raus...

Dunn dei 3. WP (dei selwecht wei dei 1. just nach mei daischter)
1. klengen Patzer... En spatzen Eck no lenks biergop falsch ugesaat an d'Lara ass mat der nues an den Hiwwel geknuppt... Autsch... Egal... Weider... alles geet...
Puer Kilometer weider awer dann eng SCHRECKSEKONN...
Zu Lannen aus dem Duerf eraus den Lannerbierg, eng Vollgaaspassage biergop...
3 oder 4 Gang Vollgaas... beemool... Naischt mei..
Luuchten AUS, Motor AUS, Sprechanlaag AUS... STACKDAISCHTER, ROUH !!!
Noodeems kloer war dass mer en nemmi geingen ukreien... hannerzeg an d'Feld rulle gelooss, an schon koum deen Nächsten Auto de Biergop "geflunn"... Chance ??
Mir hun eis Stempelkaart oofgin, den eischten Daag war mol gelaaf...

Wei onsen Mecanicien op der Plaaz ukomm ass hun mer intensiv nom Problem gesicht an en och fonnt...
Den Coupe Circuit haat den Geescht opginn... da kann jo naischt mei goon!!!
Flott war ze gesinn bei wei enger Vitesse daat ganzt geschitt ass... 
Den Tacho war mol bei 120km/h hänke bliwwen...
(Stell der fier, du bass op enger Autobunn laut Code de la Route ennerwee, an et zitt een der den Schlessel aus dem Schlass an geheit deen zur Fenster raus...)
Mir sin zereck an den Service gefuer... hun dem Lara seng Nues sou gudd et goung rem geriicht, an och den Coupe-Circuit an d'Lichtmaschinn ersaat...

Lara war prett fier den Restart mat 2x 5min Stroofzait (fier all WP dei mer net faerdeg gefuer sinn....).

Moies um 8:30 kleng Technesch Kontroll... Et konnt weidergoon...

Mir hun ons op deenen flotten an schnellen, plaatzeweis awer och komplizeierten WP'en gudd ameseiert, an sinn verhältnismeisseg gudd ennerwee gewiescht...
Deen een oder aaner Bremspunkt soutz nach net perfekt an ech sinn alt erem e puer mol ze frei vum Gaass eroof- an ze speid rem dropgeklomm, mais dovun oofgesinn sin mer bal Fehlerfrai gefuer...

Dunn awer den Fiasko deen eis, dem Nici an Mir, am meeschten zougesaat huet...

WP10

En ganz schnellen an deelweis komplizeierten Rundkurs mat engem decken JUMP dran...
Um eischten Tour sin ech d'Streck schnell ugaang, hun awer den JUMP net konnten aschätzen...
Beim Training war hannendrun eng Bullirutschbahn...
Also lues driwwer an kucken waat hannendrun ass... Ok si hun Sand opgetippt... nächsten Tour mei schnell !!!
Um 2. Tour dann effektiv mei seier ugefuer an e bessen an der Loft gehaang... do geet nach mei !!!

En 3. Tour gouf et awer dunn leider net mei... 
Puer Kilometer mei weit e klengt Steck Schotter biergoof, 
"Ubremsen fier T lenks op Haaptstrooss"
kraacht et ennert dem Auto!!! 
Gang raus ? 
Gang rem dran...!!! Gaass gin ! 
Du kraacht et richteg... !!
D'Lara mecht nach puer Meter, bockt, kraacht, Rieder blockeieren... faerdeg !!!
Rullt weder no fier nach no hannen... Abandon di Zweet... !!! Frust pur !!!
Graad op sou enger spaasseger WP wou mer sou gudd ennerwee waren... 
(zumindest mol laut Gefill am Auto)...

Fazit...
Fier deen eischten "groussen" Rallye hun mer vill Spaass am, an baussent dem Auto gehaat...
Mir hun awer genau sou vill Pech an Frust erliewt, 
an och direkt eent vun deenen deieren Stecker um Auto futti gemaach... 
"D'Boîte klengt net wierklech gudd... do ass bestemmt een Zahnradpuzzle bannendran... :-)"

Noo puer Deeg Flemm steet awer lo eppes fest....


WE WILL BE BACK !!!!






















 


Keine Kommentare:

Kommentar veröffentlichen