Mittwoch, 17. Oktober 2012

Rallye Letzebuerg 2012

Den Rallye Letzebuerg am Preizerdall kënnt an daat 
schwaarzt Buch vun AJ-R Motorsport.


Nodeems mer Donneschtes Noomettes an Freides Moies gemütlech mat engem BMW X3 eis Noten maachen waren, an souguer mat deem plaatzeweis Krempes haaten fier duerchzekommen, 
ass et dunn Freides Mettes geint 15:30 a Richtung Startpark-Knuedler an der Staadt gaang...


Ganz Equipe vun AJ-R war Gudder Deng an mir hun eis op eisen 
EISCHTEN GROUSSEN RALLYE gefreet wei dei kleng Kanner op den Kleesschen.
Bessen Bammel vierun den Nuets-Specialen haaten mer wuel schon, awer am Prinzip waren mer relax an zimmlech stressfrai...

Ennerwee zereck aus der Staadt an den Dall, waren emmer manner Wolleken um Himmel, also wann Reen geif kommen, dann reischt mei speid, oder net sou vill...


Dofier hun ech dunn mol nach decideiert aaner Pneuen opleen ze loossen...
D'Jongen am Service hun eis iwwer Telefon konfirmeiert, dass si daat an deenen 10min Service locker geiffen packen... 
Also en GO fier Fedima Intermediates amplaaz d'Toyo R1R...
Ech haat dem Marc Ernster (gdmh) seng Wierder am Hannerkapp 
"E Renn-Pneu ass emmer besser wei ee Stroossepneu", hie sollt Recht behaalen !!!

Am Service dunn eng kleng Iwwerraschung fier mech an d'Nici...
Mir haaten ons erwaart, dass den Boy an den Jerome eleng do wieren, mais nee...
Den David W. an den Pascal J. vun smt-racing sinn mat ronderem d'Lara gesprong, an hun matgehollef, wei wann daat daat normalst vun der Welt wier...
(merci nachmool dofier !!! Sou Saachen din gudd !!!)

Op der eischter Speciale hun mer dann mol mat der ongewinnter Daischtert an mat enger net ganz perfekter Astellung vun der Luuchteramp ze dinn gehaat...
Et goung awer...
Op der zweeter Speciale, nodeems ech d'Luuchten bessen besser agestallt haat, war op mannst mol deen Problem fort, daischter wor et awer emmer nach ;-)

Zereck an den Service, alles gecheckt, alles ok... rem raus...

Dunn dei 3. WP (dei selwecht wei dei 1. just nach mei daischter)
1. klengen Patzer... En spatzen Eck no lenks biergop falsch ugesaat an d'Lara ass mat der nues an den Hiwwel geknuppt... Autsch... Egal... Weider... alles geet...
Puer Kilometer weider awer dann eng SCHRECKSEKONN...
Zu Lannen aus dem Duerf eraus den Lannerbierg, eng Vollgaaspassage biergop...
3 oder 4 Gang Vollgaas... beemool... Naischt mei..
Luuchten AUS, Motor AUS, Sprechanlaag AUS... STACKDAISCHTER, ROUH !!!
Noodeems kloer war dass mer en nemmi geingen ukreien... hannerzeg an d'Feld rulle gelooss, an schon koum deen Nächsten Auto de Biergop "geflunn"... Chance ??
Mir hun eis Stempelkaart oofgin, den eischten Daag war mol gelaaf...

Wei onsen Mecanicien op der Plaaz ukomm ass hun mer intensiv nom Problem gesicht an en och fonnt...
Den Coupe Circuit haat den Geescht opginn... da kann jo naischt mei goon!!!
Flott war ze gesinn bei wei enger Vitesse daat ganzt geschitt ass... 
Den Tacho war mol bei 120km/h hänke bliwwen...
(Stell der fier, du bass op enger Autobunn laut Code de la Route ennerwee, an et zitt een der den Schlessel aus dem Schlass an geheit deen zur Fenster raus...)
Mir sin zereck an den Service gefuer... hun dem Lara seng Nues sou gudd et goung rem geriicht, an och den Coupe-Circuit an d'Lichtmaschinn ersaat...

Lara war prett fier den Restart mat 2x 5min Stroofzait (fier all WP dei mer net faerdeg gefuer sinn....).

Moies um 8:30 kleng Technesch Kontroll... Et konnt weidergoon...

Mir hun ons op deenen flotten an schnellen, plaatzeweis awer och komplizeierten WP'en gudd ameseiert, an sinn verhältnismeisseg gudd ennerwee gewiescht...
Deen een oder aaner Bremspunkt soutz nach net perfekt an ech sinn alt erem e puer mol ze frei vum Gaass eroof- an ze speid rem dropgeklomm, mais dovun oofgesinn sin mer bal Fehlerfrai gefuer...

Dunn awer den Fiasko deen eis, dem Nici an Mir, am meeschten zougesaat huet...

WP10

En ganz schnellen an deelweis komplizeierten Rundkurs mat engem decken JUMP dran...
Um eischten Tour sin ech d'Streck schnell ugaang, hun awer den JUMP net konnten aschätzen...
Beim Training war hannendrun eng Bullirutschbahn...
Also lues driwwer an kucken waat hannendrun ass... Ok si hun Sand opgetippt... nächsten Tour mei schnell !!!
Um 2. Tour dann effektiv mei seier ugefuer an e bessen an der Loft gehaang... do geet nach mei !!!

En 3. Tour gouf et awer dunn leider net mei... 
Puer Kilometer mei weit e klengt Steck Schotter biergoof, 
"Ubremsen fier T lenks op Haaptstrooss"
kraacht et ennert dem Auto!!! 
Gang raus ? 
Gang rem dran...!!! Gaass gin ! 
Du kraacht et richteg... !!
D'Lara mecht nach puer Meter, bockt, kraacht, Rieder blockeieren... faerdeg !!!
Rullt weder no fier nach no hannen... Abandon di Zweet... !!! Frust pur !!!
Graad op sou enger spaasseger WP wou mer sou gudd ennerwee waren... 
(zumindest mol laut Gefill am Auto)...

Fazit...
Fier deen eischten "groussen" Rallye hun mer vill Spaass am, an baussent dem Auto gehaat...
Mir hun awer genau sou vill Pech an Frust erliewt, 
an och direkt eent vun deenen deieren Stecker um Auto futti gemaach... 
"D'Boîte klengt net wierklech gudd... do ass bestemmt een Zahnradpuzzle bannendran... :-)"

Noo puer Deeg Flemm steet awer lo eppes fest....


WE WILL BE BACK !!!!






















 


Montag, 17. September 2012

24. ADAC Rallye Kohle & Stahl... NAJA !!!

D'Rallye Kohle & Stahl an der Emgeigend vun Wolfersweiler hun d'Nici, d'LARA an ech hannert ons...

Allerdengs, no der Analys vun den Onboard-Video'en, bleiwt ze soen dass se net sou gudd gelaaf ass,
an just als "Sou maachen mer et dei nächsten Keier net mei" oofklasseiert muss gin...

Och wann mer vun 71 gemellten Auto'en als 43. am General ukomm sinn,
an dei 5. Plaaz an eiser Klass (H14) gemaach hun, an als 3. lëtzebuerger Equipage d'Arrivée gesinn hun...
D'Performance vum Rallye Warndt gouf bei weitem net bestätegt...

Et waren 2 Boucle'n vun jeweils 3 WP'en ze fueren.
Bis op een discutabelen Jump an engem "Treibsand"-Kieswerk waren et absolut flott, an technesch usprochsvoll WP'en.

D'LARA huet seng "Aarbecht" absolut korrekt gemaach, an d'Modifikatiounen um Auto hun, wei erwaart, gudd fonktionneiert.

Op et lo un der verhexter Startnummer 26 (1. Rallye vun Housen 2011) loung,
oder u soss iergendeppes hun mer nach net erausfonnt...

Fakt ass, op schnellen Passagen huet deen neidegen Courage gefeelt fier "stoen ze loossen",
mei wei eng Keier wor deen falschen Gang angeluet, d'Handbrems huet an verschiddenen spatzen Ecker net sou gewiertkt wei gewënscht, an um Schotter huet d'Vertrauen an d'Reaktiounen vum Auto iergendwei gefeelt...

Dass bei 2 vun 6 WP'en dann och nach mat den Noten net alles sou geklappt huet,
wei op der Saar-Ost an op der Warndt, huet ons dann sousätzlech dei eng oder aaner Sekonn kascht...

Ech hoffen, dass bei deenen nächsten Rally'en de Knuet rem opgeet, an dass mer et rem kennen fleien loossen...

En decken Merci awer nach un meng Sponsoren (s.o.s depannage / Pneus Goedert / Dany Dickes / vag-fans.net ) fier d'Ennerstetzung...

Dei nächsten Keier geet et Besser !!!

Alain 




Montag, 10. September 2012

"24. ADAC Rallye 200 KOHLE & STAHL" kann kommen !!!


AJ-R MOTORSPORT ass prett...

No puer laangen Stonnen zu Stegen ass d'LARA lo souwait faerdeg fier op Wolfersweiler "spillen" ze goen...


Dei nei Achse passt sou just nach ënnert d'Karrosserie hannen...


D'Boîte huet neien Oueleg kritt, an och deen zousaetzlechen Ouelegkuehler mecht
elo sein Dèngscht ënnert dem Capot.

E puer kleng Ronnen iwwert Feld- an Bëschwéer hun gewisen dass d'Aarbecht sech gelount huet...

E Freideg am speiden Nômetten geet et mat...


... op den Wee an d'Saarland !!!

Samstag, 1. September 2012

RALLYE Kohle und Stahl, Lara ass "UNDER RECONSTRUCTION"

Aktuell steet d'Lara am "MK2 Reanimation and Reeducation Centre" zu Stegen.
Dei nächst Deeg gëtt et fit gemaach fier dei "24. ADAC Rallye 200 KOHLE & STAHL"
Et kritt eng nei hënnescht Achse (dei aal haat jo Strait mat engem Beton's Rouer op der WARNDT).
Mir probeieren lo mol wei et sech mat enger Golf III Achse (e bessen mei breed wei dei vum Golf II) fiert.
Mir hun och schon daat eent oder aanert iwwerflessegt Stèck erausgeschrauwt oder erausgeschnidden fier e bessen Gewiicht ze spueren.
Well den Motor beim leschten Asaatz e bessen uerg waarm gin war kënnt och lo een zousätzlechen Ouelegkühler dran... 
Ech sin gespaant waat dei "Modif'en" brengen, an ob d'LARA d'Nici an Ech daat gudd Resultat vun der
Rallye WARNDT kennen widderhuelen...

Rendez-vous also den 15.09.2012 zu Wolfersweiler an Daitschland !!!





Donnerstag, 2. August 2012

ALLES OP HAREL !!!


Den 15. August 2012 organiseieren d’Annick Steichen an den Pascal Achen,
zesummen mat der EcurieTëtelbierg an dem Syndicat d’Initiative vun Harel-Tarchamps-Walter

AJ-R MOTORSPORT ass och dobai

D’LARA, NICI, Carry an Ech freen ons op äre Besuch zuHarel…

Weider Informatiounen fannt dir op

www.go.to/racing.lu

9. SST ADAC Rallye Warndt 30.06.2012


30.Juni 2012,

9. SST ADAC Rallye Warndt.

Dësen Rallye, deen fier d’Lëtzebuerger Coupe Rallye gezielt gëtt, war an
der Emgeigend vun Völklingen am Saarland.

Nôdeems d’NICI an Ech op der Rallye Saar-Ost, e puer Wochen fierdrun, esou gudd mateneen eenz gi sinn am Auto, hu mir kuerz fierum Nennschluss décideiert och hei un den Départ ze goen.

Mat der Camionett vun „smt-racing“ an dem Tieflader vun „allways sideways“ ass d’LARA op Völklingen gefouert gin.

Moies bei der Reconnaissance hun d’NICi an Ech eis dei 3 Spécialen, wouvunn der 2 jeweils zweemol sollen gefuer ginn, sou genau wei meiglech ugekuckt an eis Noten geholl.



Den Départ vun der Course war fier den freien Noometten ugesaat.

Wann et an der Woch fierum Rally nach geheescht huet et geiff Reen ginn, an ech net sou richteg wousst wei eng Pneuen dann lo op den Auto drop sollten, ass den Himmel awer ëmmer mei opgaang an op eemol wor daat scheinsten Rallye-Wieder.

Spontan Décisioun fierum Départ... Slicks bleiwen drop, och wann et op den Bëschpassagen nach Plaatzeweis e bessen fiicht an rutscheg ass... !

Dei eischt Spéciale war eng relativ kuerz, e bëssen sou wei eng Biergcourse.
Hei waren mer net schlecht ënnerwee, mais iergendwei nach net sou ganz am Rythmus.

Dei zweet Spéciale war dunn eng reng Asphalt-Prüfung op engem aalen Industrie-Gelände...
Baal nëmmen rechtwenkleg Keieren, mol no Riets mol no Lenks...
Hei hun mer dunn no engem bëssen verhaalenen Start eisen Rythmus fonnt, an et sou gudd et goung fleien gelooss...

Dei drëtt Spéciale ass et dunn interessant gin...
Eng Prüfung mat ganz vill Schotter an extrem schlechten Feldweer.
Schon moies beim Noten huelen, war Ech mer net secher op daat mat den Slick’s iwwerhaapt geet, an op mer geifen eenz ginn.
Well d’Erfahrung op Schotter bei quasi 0% loung,hun Ech fier dei Spéciale all main Courage missten zesummensichen.

Kuerz fierum Start soot Ech dunn awer nach zum NICI
„NICI, lo kucken mer waat geet... Ca passe ou ca casse“
Seng Aentwert „OK“

Mir sinn eroofgezielt ginn, 20... 10... 5,4,3,2,1 START...
250 Meter biergoof op Schotter, sou schnell wei et goung
Dann eng „Lenks 3“-Keier...
Dei soutz... de Knuet ass opgaang, d’Angscht war fort ...

Den „Rouden-Leiw-Fändel“ um Bord vun der Streck...
An mengem Kapp nach just „ALAIN GEFF ALLES, weiss dass de et kanns...“

Eischten Tour, baal alles waat Ech mam LARA gemaach hun huet geklappt...
Zweeten Tour, nach mei schnell.
Mam Auto richteg um Schotter gespillt, gedanzt...
Dem NICI seng Noten koumen perfekt...
1x direkt, an dann nacheemol fierun der Keier... Genial...
Dunn deen drëtten Tour, deen schnellsten vun deenen 3...
An enger schneller Lenkskeier... Steierrad voll Riets... DRIFT !!! GEIL !!!
Auto rëm gefaang, Weider... Gaass !!!
No der Arrivée... An mengm Helm heieren Ech just „WOW GEIL“ !!!
NICI war also och zefridden...

3 Spécialen gepackt, lo nach 2 vierun ons...

Nacheemol Industrie-Gelände, Nacheemol de Schotter am Bësch..

Noom Routier Richtung „RAFFINERIE“ eng kleng Schrecksekonn...
Kuerzen Check wie et ënnert dem Auto ausgesait, no daer dach awer zimmlech ruppeger  Schotter-Prüfung...
Net gudd... iergendwouhier kënnt Boîtenoueleg eraus...
Ophaalen? Weidermaan?

Allez hopp... mir maan weider... Mir hun nach 2 Boîten doheem...

Start! Alles passt perfekt, bis op eemol... Gielen Fändel !? Roof vum Gaas!
Waat ass daat? Do steet een Auto am Wee...
De Marchal huet eis dunn laanschtgewenkt... 
"OK dem Claude sain Peugeot hënnert net...  ët geet laanscht..."
Dei nächst Ecker hunn dunn awer net sou gudd gepasst... 
Liicht aus dem Rythmus raus, deen Gielen Fändel hätt net missten sinn...

Lescht Spéciale, nacheemol an de Bësch op den Schotter...
“Do geet lo nach eng...” soot Ech zum NICI,
“Si stinn doennen an der Keier…Pass lo mol op, do kommen mer mat Saitenwand“
Dem „NICI“ seng Aentwert... „Jo OK, maach daat, du kanns jo well mat der Handbrems ëmgoon...“
Motiviatioun pur, wanns de weess du bass schnell, an Kollégen stinn um Bord vun der Streck...
Start... alles op „Attack“...
Handbrems, queesch eran, riicht eraus... fort...
Den Eischten Tour huet alles perfekt geklappt... Keieren an Schikanen propper ugebremst an seier derduerch...
Zweeten Tour, nacheemol daat selwecht, dunn awer an daer Lenkskeier wou et an der WP3 nach am Drift duerchgaang ass...

D’Note war „Lenks 4 OK“ also an d’Corde, rann...  

OOH NEE WAAT.....!?

Et knuppt 2 mol... Do war Eppes!... Nach alles drun? JO!? WEIDER !!
Den Auto huet sech bei all Riets-Keier ongewinnt verhaalen...
Lènks-Keieren goungen awer, op Schotter war d’LARA emmer nach gudd ze beherrschen.
Drëtten Tour... weider um Gaass och wann den Auto Männercher gemaach huet...
Op der Sortie aus dem Rundkurs eraus, op Asphalt, Richtung Arrivée,war awer dunn direkt d‘Steierrad schief, an den Auto hannen lenks mei deif...
Du war et mier kloer... do ass eppes futti...!

Ech soot direct„NICI, et ass ok, Ech maan lo lues... do ass eppes freckt....!“
Noten koumen trotzdem nach, NICI war am Jhumm an et haat daat lo net matkritt...
Op der Stempelauer mecht dunn en Marshall mir en Zeechen...
OK, alles kloer mir hun hannen lenks ee Platten...

Um Routier direkt hannert der Stempelauer sinn Ech dun riets baigefuer fier d’Rad ze wiesselen.
Nodeems onsen Krick dunn awer ee liichten Kollaps gemaach huet, an d’LARA baal um Buedem loung koum Hëllef vum Claude Feltus...
Sein Krick huet d’LARA gepackt...
An der Tëschenzait koumen vill sms’en op mengem, an dem NICI sengem Handy un... all am Stil „Super“, „Bravo“, „Genial“ „Gudd Gefouer“...

An mengem Kapp just „??? Ok, war gudd ennerwee, mais wisou Bravo ???“

Ennerwee, fier zereck an den Parc-Fermé, huet dunn den Handy geschellt...

„Hey, wou bleiwt dir !? Dir musst an de Parc Fermé kommen...
Den Timo soot dier wiert 2. an der Klass!!!“

Hengerhaut an Party am Auto !!!

Kierperlechwaren mer allen drei, d‘NICI, d’LARA an Ech, e bessen matgeholl awer wann daat wierklech sollt stëmmen... „YESS“ !!!

Am Rallye-Zentrum ukomm, kruuten mer mol um Podium ee Glaas Sekt.... Mam NICI geprost, an eroof domat...
Eng Schlupp war awer fier dem LARA sain Capot, daat haat hatt sech verdengt...

Wei mer dunn laanscht „d’Roud Leiwen“ an den Parc Fermé gefuer sinn, hu mer schon vun villen gratuleiert kritt...

Eis Frënn a Kollégen hu sech mat ons gefreet, an mir hun effektiv, no e puer Beiercher, Grillwurschten an laangem Waarden um Site, allen Zwee eng Coupe kritt fier dei 2. Plaatz an eiser Klass !!!


„Dei Eischt ass ëmmer dei Schweierst, lo weess de wei et geet...!“
(Kik Foxius)