D'Rallye Kohle & Stahl an der Emgeigend vun Wolfersweiler hun d'Nici, d'LARA an ech hannert ons...
Allerdengs, no der Analys vun den Onboard-Video'en, bleiwt ze soen dass se net sou gudd gelaaf ass,
an just als "Sou maachen mer et dei nächsten Keier net mei" oofklasseiert muss gin...
Och wann mer vun 71 gemellten Auto'en als 43. am General ukomm sinn,
an dei 5. Plaaz an eiser Klass (H14) gemaach hun, an als 3. lëtzebuerger Equipage d'Arrivée gesinn hun...
D'Performance vum Rallye Warndt gouf bei weitem net bestätegt...
Et waren 2 Boucle'n vun jeweils 3 WP'en ze fueren.
Bis op een discutabelen Jump an engem "Treibsand"-Kieswerk waren et absolut flott, an technesch usprochsvoll WP'en.
D'LARA huet seng "Aarbecht" absolut korrekt gemaach, an d'Modifikatiounen um Auto hun, wei erwaart, gudd fonktionneiert.
Op et lo un der verhexter Startnummer 26 (1. Rallye vun Housen 2011) loung,
oder u soss iergendeppes hun mer nach net erausfonnt...
Fakt ass, op schnellen Passagen huet deen neidegen Courage gefeelt fier "stoen ze loossen",
mei wei eng Keier wor deen falschen Gang angeluet, d'Handbrems huet an verschiddenen spatzen Ecker net sou gewiertkt wei gewënscht, an um Schotter huet d'Vertrauen an d'Reaktiounen vum Auto iergendwei gefeelt...
Dass bei 2 vun 6 WP'en dann och nach mat den Noten net alles sou geklappt huet,
wei op der Saar-Ost an op der Warndt, huet ons dann sousätzlech dei eng oder aaner Sekonn kascht...
Ech hoffen, dass bei deenen nächsten Rally'en de Knuet rem opgeet, an dass mer et rem kennen fleien loossen...
En decken Merci awer nach un meng Sponsoren (s.o.s depannage / Pneus Goedert / Dany Dickes / vag-fans.net ) fier d'Ennerstetzung...
Dei nächsten Keier geet et Besser !!!
Alain
Montag, 17. September 2012
Montag, 10. September 2012
"24. ADAC Rallye 200 KOHLE & STAHL" kann kommen !!!
AJ-R MOTORSPORT ass prett...
No puer laangen Stonnen zu Stegen ass d'LARA lo souwait faerdeg fier op Wolfersweiler "spillen" ze goen...
Dei nei Achse passt sou just nach ënnert d'Karrosserie hannen...
D'Boîte huet neien Oueleg kritt, an och deen zousaetzlechen Ouelegkuehler mecht
elo sein Dèngscht ënnert dem Capot.
E puer kleng Ronnen iwwert Feld- an Bëschwéer hun gewisen dass d'Aarbecht sech gelount huet...
E Freideg am speiden Nômetten geet et mat...
... op den Wee an d'Saarland !!!
Samstag, 1. September 2012
RALLYE Kohle und Stahl, Lara ass "UNDER RECONSTRUCTION"
Aktuell steet d'Lara am "MK2 Reanimation and Reeducation Centre" zu Stegen.
Dei nächst Deeg gëtt et fit gemaach fier dei "24. ADAC Rallye 200 KOHLE & STAHL"
Et kritt eng nei hënnescht Achse (dei aal haat jo Strait mat engem Beton's Rouer op der WARNDT).
Mir probeieren lo mol wei et sech mat enger Golf III Achse (e bessen mei breed wei dei vum Golf II) fiert.
Mir hun och schon daat eent oder aanert iwwerflessegt Stèck erausgeschrauwt oder erausgeschnidden fier e bessen Gewiicht ze spueren.
Well den Motor beim leschten Asaatz e bessen uerg waarm gin war kënnt och lo een zousätzlechen Ouelegkühler dran...
Ech sin gespaant waat dei "Modif'en" brengen, an ob d'LARA d'Nici an Ech daat gudd Resultat vun der
Rallye WARNDT kennen widderhuelen...
Rendez-vous also den 15.09.2012 zu Wolfersweiler an Daitschland !!!
Abonnieren
Posts (Atom)