30.Juni 2012,
9. SST ADAC
Rallye Warndt.
Dësen Rallye, deen fier d’Lëtzebuerger Coupe Rallye
gezielt gëtt, war an
der Emgeigend vun Völklingen am Saarland.
Nôdeems d’NICI an Ech op der Rallye Saar-Ost, e puer
Wochen fierdrun, esou gudd mateneen eenz gi sinn am Auto, hu mir kuerz fierum
Nennschluss décideiert och hei un den Départ ze goen.
Mat der Camionett vun „smt-racing“ an dem Tieflader vun
„allways sideways“ ass d’LARA op Völklingen gefouert gin.
Moies bei der Reconnaissance hun d’NICi an Ech eis dei 3
Spécialen, wouvunn der 2 jeweils zweemol sollen gefuer ginn, sou genau wei
meiglech ugekuckt an eis Noten geholl.
Den Départ vun der Course war fier
den freien Noometten ugesaat.
Wann et an der Woch fierum Rally nach geheescht huet et
geiff Reen ginn, an ech net sou richteg wousst wei eng Pneuen dann lo op den
Auto drop sollten, ass den Himmel awer ëmmer mei opgaang an op eemol wor daat
scheinsten Rallye-Wieder.
Spontan Décisioun fierum Départ... Slicks
bleiwen drop, och wann et op den Bëschpassagen nach Plaatzeweis e bessen fiicht
an rutscheg ass... !
Dei eischt Spéciale war eng relativ kuerz, e bëssen sou
wei eng Biergcourse.
Hei waren mer net schlecht ënnerwee, mais iergendwei nach
net sou ganz am Rythmus.
Dei zweet Spéciale war dunn eng reng Asphalt-Prüfung op
engem aalen Industrie-Gelände...
Baal nëmmen rechtwenkleg Keieren, mol no Riets mol no
Lenks...
Hei hun mer dunn no engem bëssen verhaalenen Start eisen
Rythmus fonnt, an et sou gudd et goung fleien gelooss...
Dei drëtt Spéciale ass et dunn interessant gin...
Eng Prüfung mat ganz vill Schotter an extrem schlechten
Feldweer.
Schon moies beim Noten huelen, war Ech mer net secher op
daat mat den Slick’s iwwerhaapt geet, an op mer geifen eenz ginn.
Well d’Erfahrung op Schotter bei quasi 0% loung,hun Ech fier
dei Spéciale all main Courage missten zesummensichen.
Kuerz fierum Start soot Ech dunn
awer nach zum NICI
„NICI, lo kucken mer waat geet... Ca
passe ou ca casse“
Seng Aentwert „OK“
Mir sinn eroofgezielt ginn, 20... 10... 5,4,3,2,1 START...
250 Meter biergoof op Schotter, sou schnell wei et goung
Dann eng „Lenks 3“-Keier...
Dei soutz... de Knuet ass opgaang, d’Angscht war fort ...
Den „Rouden-Leiw-Fändel“ um Bord vun der Streck...
An mengem Kapp nach just „ALAIN GEFF
ALLES, weiss dass de et kanns...“
Eischten Tour, baal alles waat Ech mam LARA gemaach hun
huet geklappt...
Zweeten Tour, nach mei schnell.
Mam Auto richteg um Schotter gespillt, gedanzt...
Dem NICI seng Noten koumen perfekt...
1x direkt, an dann nacheemol fierun der Keier...
Genial...
Dunn deen drëtten Tour, deen schnellsten vun deenen 3...
An enger schneller Lenkskeier... Steierrad voll Riets...
DRIFT !!! GEIL !!!
Auto rëm gefaang, Weider... Gaass !!!
No der Arrivée... An mengm Helm heieren Ech just „WOW
GEIL“ !!!
NICI war also och zefridden...
3 Spécialen gepackt, lo nach 2
vierun ons...
Nacheemol Industrie-Gelände,
Nacheemol de Schotter am Bësch..
Noom Routier Richtung „RAFFINERIE“
eng kleng Schrecksekonn...
Kuerzen Check wie et ënnert dem Auto
ausgesait, no daer dach awer zimmlech ruppeger Schotter-Prüfung...
Net gudd... iergendwouhier kënnt
Boîtenoueleg eraus...
Ophaalen? Weidermaan?
Allez hopp... mir maan weider... Mir
hun nach 2 Boîten doheem...
Start! Alles passt perfekt, bis
op eemol... Gielen Fändel !? Roof vum Gaas!
Waat
ass daat? Do steet een Auto am Wee...
De Marchal huet eis dunn laanschtgewenkt...
"OK
dem Claude sain Peugeot hënnert net... ët geet laanscht..."
Dei nächst Ecker hunn dunn awer net sou
gudd gepasst...
Liicht aus dem Rythmus raus, deen Gielen Fändel hätt net missten
sinn...
Lescht Spéciale, nacheemol an de Bësch
op den Schotter...
“Do geet lo nach eng...” soot Ech
zum NICI,
“Si stinn doennen an der Keier…Pass
lo mol op, do kommen mer mat Saitenwand“
Dem „NICI“ seng Aentwert... „Jo OK,
maach daat, du kanns jo well mat der Handbrems ëmgoon...“
Motiviatioun pur, wanns de weess du
bass schnell, an Kollégen stinn um Bord vun der Streck...
Start... alles op „Attack“...
Handbrems, queesch eran, riicht eraus... fort...
Den Eischten Tour huet alles perfekt geklappt... Keieren
an Schikanen propper ugebremst an seier derduerch...
Zweeten Tour, nacheemol daat selwecht, dunn awer an daer
Lenkskeier wou et an der WP3 nach am Drift duerchgaang ass...
D’Note war „Lenks 4 OK“
also an d’Corde, rann...
OOH NEE WAAT.....!?
Et knuppt 2 mol... Do war Eppes!... Nach alles drun? JO!?
WEIDER !!
Den Auto huet sech bei all Riets-Keier ongewinnt
verhaalen...
Lènks-Keieren goungen awer, op Schotter war d’LARA emmer
nach gudd ze beherrschen.
Drëtten Tour... weider um Gaass och wann den Auto
Männercher gemaach huet...
Op der Sortie aus dem Rundkurs eraus, op Asphalt,
Richtung Arrivée,war awer dunn direkt d‘Steierrad schief, an den Auto hannen
lenks mei deif...
Du war et
mier kloer... do ass eppes futti...!
Ech
soot direct„NICI, et ass ok, Ech maan lo lues... do ass eppes freckt....!“
Noten koumen trotzdem nach, NICI war am Jhumm an et haat daat
lo net matkritt...
Op der Stempelauer mecht dunn en Marshall mir en Zeechen...
OK, alles kloer mir hun hannen lenks ee Platten...
Um Routier direkt hannert der Stempelauer sinn Ech dun
riets baigefuer fier d’Rad ze wiesselen.
Nodeems onsen Krick dunn awer ee liichten Kollaps gemaach
huet, an d’LARA baal um Buedem loung koum Hëllef vum Claude Feltus...
Sein Krick huet d’LARA gepackt...
An der Tëschenzait koumen vill sms’en op mengem, an dem NICI
sengem Handy un... all am Stil „Super“, „Bravo“, „Genial“ „Gudd Gefouer“...
An mengem Kapp just „??? Ok, war
gudd ennerwee, mais wisou Bravo ???“
Ennerwee, fier zereck an den
Parc-Fermé, huet dunn den Handy geschellt...
„Hey, wou bleiwt dir !? Dir musst an de Parc Fermé
kommen...
Den Timo soot dier wiert 2. an der Klass!!!“
Hengerhaut an Party am Auto !!!
Kierperlechwaren mer allen drei, d‘NICI, d’LARA an Ech, e
bessen matgeholl awer wann daat wierklech sollt stëmmen... „YESS“ !!!
Am Rallye-Zentrum ukomm, kruuten mer mol um Podium ee
Glaas Sekt.... Mam NICI geprost, an eroof domat...
Eng Schlupp war awer fier dem LARA sain Capot, daat haat hatt
sech verdengt...
Wei mer dunn laanscht „d’Roud Leiwen“ an den Parc Fermé
gefuer sinn, hu mer schon vun villen gratuleiert kritt...
Eis Frënn a Kollégen hu sech mat ons gefreet, an mir hun
effektiv, no e puer Beiercher, Grillwurschten an laangem Waarden um Site, allen
Zwee eng Coupe kritt fier dei 2. Plaatz an eiser Klass !!!
„Dei Eischt ass ëmmer dei Schweierst, lo weess de wei et
geet...!“
(Kik Foxius)